19-20-27/08 Atelier Croquis Nature

19.08 -> 19 – 21:00*
20.08 -> 14 – 16:00
27.08 -> 14 – 18:00

*mat engem klengen Apero fir aus dem Alldaag eraus zekommen / tout en sirotant un petit apéro pour décompresser de la journée.

Mam Christiane Schmalen, Kënschtlerin vu Veianen.

An denen éischten 2 Sessiounen zeechne mir sur place am Gaart mat verschiddenen Techniken a Medien an e Skizzebuch. D’Participanten kréie verschidde Methode gewisen, eppes um Pabeier festzehalen. Et sinn dofir keng Virkenntnisser néideg. Bei ze schlechtem Wieder sammelen mir Saachen am Gaart an dann molen mir ennerdaach.

Déi zwou éischt Sessioune sinn d’Virbereedung fir déi lescht Sessioun vu 4 Stonnen, wou  jiddfereen aus dem Fundus vu sengen Zeechnungen eppes eraussicht an doraus op engem méi grousse Pabeier ënner Uleedung e Bild opbaut. Des Sessioun fënnt bei guddem Wieder am Gaart statt.

Am beschten ass een fir dei 3 Séancen dobäi !

Op lëtzebuergesch, däitsch, franzéisch an englesch.

Avec Christiane Schmalen, artiste de Vianden.

Pendant les deux premières sessions, nous dessinerons dans le jardin à l’aide de différentes techniques et médias dans un livret de croquis. Les participants découvriront différentes méthodes pour illustrer les éléments sur papier. Aucune connaissance n’est requise pour cette démarche. Si la météo ne joue pas dans notre camp, nous allons cueillir des plantes et nous allons dessiner à l’intérieur.

Les deux premières sessions sont la préparation pour la dernière session de 4 heures. Durant cette séance, nous allons choisir un modèle dans notre petite collection et nous allons construire, avec l’aide de Christiane, un dessin aquarelle grandeur A3.

Le mieux c’est de participer aux trois sessions !

En luxembourgeois, allemand, français et anglais.

INFOS AN UMELDUNG / INFOS ET INSCRIPTION / INFORMATION AND SUBSCRIPTION

Entdeckt mei iwert / Découvrez plus sur Christiane Schmalen – Atelier säitlech verstoppt

Am Kader vum Projet Arts & Potager

Laisser un commentaire